ENG INVITATIOUN VUN DER CORINNE
Chrëschtmaart am Institut
vu 14 bis 17 Auer
Du bass häerzlech wëllkomm op mengem Chrëschtmaart bei Nature & Beauté zu Ellange. Komm laanscht fir deng Chrëschtakeef: Hei fënns du flott Kaddosiddien a Kaddosbonge fir deene Leit, déi dir um Häerz leien, eng Freed ze maachen.
Lancement vu Maison D.
Deen Dag lancéieren ech meng Fleegekollektioun Nuage d’Or. Du kanns d’Produite vu Maison D. mat den Tester a Rou ausprobéieren an eng Broschür mat Erklärungen zu all Produit mat heem huelen.
E gemittleche Moment zesummen
Chrëschtmusek, Naschereien a Glühwäin waarden op dech. Ech freeë mech, dech do ze gesinn!
Nature & Beauté3, op der Bréck · L-5690 Ellange Wee an de Parking